Cuisine diététique » Cuisine pauvre en sel, potassium et phosphore

Masthead header

24/11/2016-Rencontre littéraire : D’Kachen a virun allem d’Gewierzer nei erliewen

Jeudi, 24 novembre 2016 à 20.00 heures
au WOK du 1535° Kreativfabrik
115 rue E. Mark L-4620 Differdange avec les différents acteurs du livre
organisé par Ville de Differdange en collaboration avec le Service de l’Egalité des Chances

livre de cuisine
Eng Krankheet an hir Reperkussiounen op d’Iessen. D’Sandra Hartung Da Cruz, bestuet a Mamm vun engem Jong ass zënter 2012 Dialysepatientin. Wei vill Leit mat enger Krankheet huet och si missen hir Ernährung ëmstellen.

Op der Sich no Kachbicher fir Leit an der Dialyse huet si misse feststellen, datt et esou spezifesch Bicher kaum ginn. Sou huet déi passionéiert Hobbykächin an Zesummenaarbecht mat der Ernährungsberodung vun de Spideeler Robert Schuman hir eege Rezepter kreéiert an den anere Patienten zur Verfügung gestalt. An Zesummenaarbecht mat der Photographin Nathalie Flenghi a mat der Ennerstetzung vum Jerry Hartung huet hatt des Kichen als Buch editéiert.

Soirée organisée
en collaboration avec le Service
à l’Egalité des Chances